De Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit zéien aner Säiten op.
Zënter 2006 ginn de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit reegelméisseg op Liestournée.
Mol sinn se Auteuren an Textinterprete vu satiresche Réckblécker – „Märd alors”,
„Sorry fir deen Duercherneen”, „Fréier wor alles” –, mol liest de Jhemp aus senge Romaner, dobäi ass dann de Jules Songwriter a Gittarist, fir der Literatur an den eegene Kompositiounen eng speziell Nout ze ginn.
Fir dëse Liesowend hunn déi zwee Artisten en ofwiesslungsräichen, literaresch-
musikalesch-satireschen Owend zesummegestallt.
Am éischten Deel weisen d’Auteure sech vun hirer literarescher Säit: De Jules Arpetti liest aus ‘Le garçon qui caressait les baleines’, enger philosophescher Fabel iwwert d’Relatioun tëschent de Mënschen an den Déieren (publizéiert bei den Editions Phi, 2019), dat vum Martine Franck illustréiert gouf, an Ausschnëtter aus där deemnächst publizéierter Suite : ‘Le retour du garçon qui réparait les animaux ’. De Jhemp Hoscheit stellt säin neie Roman „D’Ouninumm“ vir, deen am Hierscht 2024 bei den Editions Guy Binsfeld publizéiert gëtt.
– D’Connie, 14 Joer, muss nees léieren, a Wierder auszedrécken, wat et bis elo kengem richteg soe konnt. Gewësse Wierder zéie sech bei him op eng däischter Plaz am Kapp zréck, wéi an en ofgeleeënen Eck, deen se net méi verloosse wëllen. Hatt traut sech net, mat engem Mënsch iwwert dat, wat virgefall war, ze schwätzen, mol net mat senger Mamm. Säi schlëmmt Geheimnis behält et ze laang vir sech. Vill ze laang.
Am zweeten Deel weisen déi zwee Artiste sech da vun hirer verspilltener a méi satirescher Säit, well d’Aktualitéit hinne weder d’Sprooch nach den Otem verschléit.
De Jules Arpetti presentéiert nei Songs an déi zwee Satiriker befreie sech aus Filterblosen an Echokummeren a kachen hir gepeffert Zëppercher, fir deem fade Geschmaach lasszeginn, deen den ideologeschen Eenheetsbräi verbreet.