"Ech setze mech op de bëtongs Sockel vun enger Bänk, wou d'Holz Huddel a Fatz geschloe gouf" *
* aus „Geckeg Schieter” publizéiert an „Nuebelschnéier”, 2023, kremart.lu
De Jean Back liest mam Christiane Kremer d’Texter iwwert de Minett.
De Jean Back gouf 1953 zu Lëtzebuerg gebuer. En huet sech scho fréi mat der Fotografie a mam Zeechnen, och mam Film beschäftegt. No de Joren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministère mat schaffen ugefaangen, an ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt, wou e matgehollef huet de Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem e bis Februar 2016 als Direkter virstong. Seng bis elo eenzeg Fotosausstellung „Lieux et Portraits au Bassin Minier” gouf 1989 an der Galerie „Nei Liicht” zu Diddeleng gewisen. Säin éischte Roman „Wollekestol”, a Lëtzebuerger Sprooch, en hommage u seng Heemechtsstad Diddeleng koum 2003 an den Editions ultimomondo eraus.
Duerno goufen eng Partie Bicher publizéiert. e.a. „Amateur”, den 2010 mam EUPL-Präis (European Prize of Literature) ausgezeechent a mëttlerweil a siwe Sproochen iwwersat gouf. De Präis vum Europäesche Parlament krut de Jean Back fir seng Kuerzgeschicht „Europäesch Wolleken”.
2019 ass e mam Kulturpräis vun der Stad Diddeleng ausgezeechent ginn.
„De Schapp beim Wal” (Editions Kremart) a „L’arc di Marianna” (Editions Binsfeld) koumen 2020 eraus. 2023 hunn Kremart Edition den Erzielband „Nuebelschnéier” publizéiert.
www.jeanback.lu och www.autorenlexikon.lu
D’Christiane Kremer ass Journalistin an huet bis zur Pensioun bei RTL Radio- an Tëlee-Emissioune presentéiert. 2013 huet si de Verlag Kremart Edition matgegrënnt. Si huet Cabaretstexter, Theater-
stécker, Kuerzgeschichten, Kannerbicher an e Roman geschriwwen. Fir d’Kannerbuch „So mol, Lobo!” (mam Vincent Biwer) krut si 2019 de Lëtzebuerger Buchpräis.
De Jean Back liest mam Christiane Kremer d’Texter iwwert de Minett
© Philippe Matsas
© Sven Becker
Musikalesch Begleedung: Nathalie Morettoni & Bob Mersch