Agenda complet
Prochaines manifestations

Marché aux livres 2025
11.10.25 et 12.10.25
Samedi le 11.10.25 de 14:00 à 18:00
Dimanche le 12.10.25 de 11:00 à 18:00
Programme:
samedi:
15h30: Kreative Schreifatelier fir Kanner a Jugendlecher
mam Manon Della Siega (10–16 Joer)
16h00: Celestino Fecchi : „De coeur et de volonté“
dimanche:
14h00: Harald Jüngst : „Zauberhafter Märchenspaß aus Irland
mit Musik und Magie“
15h30: Med Yacin Bouali & Germain Birgen:
„Trois clés – une histoire très luxembourgeoise“

Jean SCHOOS
m Band Attentat - Dem Fischbach säi 5. Fall weist sech de Fischbach vun enger anerer Säit: Seng laang Déngschtzäit an déi vill Réckschléi, déi en a senger Karriär huet misse verquëssen, hunn hir Spueren hannerlooss, an de Juegdhond, wéi e genannt gouf, huet säi Bëss verluer.
Mee zwee Fäll loosse säi Juegdinstinkt nees erwächen: en Uschlag op d'Bunn an eng Läich vun engem vermeintleche Journalist am Stauséi. Op der Sich no handfeste Beweiser wot de Fischbach sech op geféierlechen Terrain - Stress an Opreegung, déi senger Gesondheet net guttdinn an e bal d'Liewe kaschten - mee d Gewëssheet, op der richteger Pist ze sinn, léisst en net rouen an e bäisst sech soulaang fest, bis nach een aneren d'Heft an d'Hand hëlt ...Dëst ass de finale Band vun der Serie “Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm” ëm den Enquêteur Fischbach, déi tëschen 1963 an 1983 zu Lëtzebuerg spillt.
De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. 1966 huet hie seng Première am Jongelycée gemaach an ass duerno op de Mathematikscours gaangen.
Vum Wantersemester 1967 un, huet hien zu Heidelberg Chimie a Physik studéiert, mee ass 1969 op Psychologie a Soziologie ëmgeklommen. Déi lescht zwee Joer vu sengem Studium an no sengem Diplom 1975 huet hien an engem Fuerschungsinstitut zu Heidelberg geschafft.
1978 ass hien heem op Lëtzebuerg komm, fir eng Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a jong Leit, unzehuelen. Hien ass an dëser Funktioun bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert ginn ass.
Musikalesch Begleedung: Nathalie Morettoni & Pol Belardi
Archives